 |
"Freux 2017" vum Luss
Och dëst Joer ass de Fly Fishing Club aus
Lëtzebuerg op Freux gefuer fir mat der Méck ze fëschen. All Joer op
een Neist freeë mir eis fir op dëser Plaz ze fëschen ewell dat ëmmer
verbonnen ass mat eiser Grillade an der Mëttesstonn. A punkto
Gesellegkeet gëtt et näischt méi Flottes wéi zesummen ze grillen an
Dëst gehéiert bei onserem Club onbedéngt dozou a gëtt och ëmmer erëm
op een Neist zelebréiert. Eise President, de Jeek, hat sech och dës
Kéier eng Éier draus gemaach eis ze bekäschtegen an et huet eis un
Näischt gefeelt, wéi dunn och nach d´Marie – Paule als Kréinung den
Dessert zum Beschte ginn huet,....... |
 |
"Wurfkurs 2017" vum Luss
Heute fand wieder der alljährliche Wurf Kurs des
Fliegenfischer Clubs aus Luxemburg an der Sauer in Bourscheid –
Mühle statt. Wir hatten uns am Morgen auf dem Camping in Burscheid –
Mühle getroffen wo auch der gesamte Kurs am und im Wasser stattfand.
Kursleiter waren diesmal Armin Kundolf und Eric Arbogast die alle
Beide, Mitglieder in unserem Verein sind und sich eine Ehre draus
machten uns auf Vordermann zu bringen was unsere jeweiligen Wurf
Kenntnisse anbelangt........ |
 |
"Lac de la
Moselotte 2017" vum Luss
De Weekend vum 28. Bis den 30. Abrëll sinn
d´Fëscher vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg op Saulxures – sur –
Moselotte gefuer fir um Lac de la Moselotte mat der Méck ze fëschen.
Eis Sortie an d´Vogesen ass ëmmer ee ganz besonneschen Ausfluch
ewell mir op dëser Plaz och d´Méiglechkeet hunn a Chaleten déi
direkt um Séi geleeë sinn ze iwwernuechten. Dofir profitéiere mir
dann och dovunner fir ee ganze Weekend op dëser Plaz ze fëschen a
verschidde vun eise Membere waren ze guer scho Mëttwochs oder
Donneschdes ugereest fir nach ee puer Deeg wëder kënnen hei ze
verbréngen ....... |
 |
"Lacroix-sur-Meuse
2017" vum Luss
Samschdes den 13. Mee stoung Lacroix sur meuse um
Programm vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg, dës Sortie fënnt scho
säit puer Joer ëmmer am Mee statt an ass net méi aus eisem Programm
ewech ze denken, hunn mir dach nach all Kéier op dëser Plaz vill a
schéi Fësch gefaangen. Dass dat esou ass hänkt mat Sécherheet
domadder zesummen dass de Weier an enger Piscicultur läit an
domadder och ëmmer beschtens mat Forelle besat ass. Dëst ass mat
Sécherheet net Jiddwerengem säi Goût mee et muss een awer bedenken
dass och op allen anere Sitte wou mir zesumme fëschen ee gudde
Bestand ouni Besaatzmoosnamen net méiglech wär ....... |
 |
"Fliegenfischen
mit HR Hebeisen 2017" vum Luss
Albert, Guy und Luss hatten sich aufgemacht um in
Garmisch – Partenkirchen am Kursus der Fliegenfischerschule von Hans
Ruedi Hebeisen teilzunehmen. Da ich vor Jahren schon an den Kursen
von Herrn Hebeisen an der Gmundener Traun teilgenommen hatte und der
Kontakt seither nie abgebrochen war, schlug mir Herr Hebeisen vor,
als ich Ihn nach Möglichkeiten zum Fliegenfischen in der Schweiz
befragte, doch seinem Kursus an der Loisach in Garmisch zu belegen.
Nach kurzer Absprache mit meinen beiden Freunden, meldeten wir uns
an um an der Loisach mit der Fliege zu fischen. ...... |
 |
"Rabais 2017" vum
Luss
Och dëst Joer ware mir den Dag no der
Generalversammlung op Rabais an d´Belsch gefuer fir zesumme mat der
Méck ze fëschen. Et waren eng fofzéng Méckefëscher vun eisem Club
ugetruede fir am schloe Reen ee flotten Dag mat nawell vill gefaange
Fësch ze verbréngen. Hunn mir an der Vergaangenheet oft geklot dass
et zu Rabais schwéier wär Fësch ze fänken ewell do eng sëlleche
Kongkuren am Méckenfësche stattfannen, esou war dat dës Kéier awer
net de Fall an d´Fësch hunn trotzt deem schlechte Wieder gebass an
et sinn ze guer scho Fësch mat der dréschener Méck gefaange ginn. ....... |
 |
"Generalversammlung 2017" vum Luss
Den Freiden 17. Mäerz 2017 ass op de Weieren zu
Lamadelaine beim Alain, déi 20. uerdentlech Generalversammlung vum
Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg ofgehale ginn. Et haten sech eng 30
Memberen afonnt fir un eiser Generalversammlung deel ze huelen. Fir
unzefänken huet eise President, de Jean – Jaques May ee puer
Begréissungswieder un déi Uwiesend geriicht. Hien huet dat ewéi
ëmmer op déi Him eege sympathesch Aart a Weis gemaach an huet eis
uschléissend souverän duerch den Owend gefouert. No senger
Begréissung huet Hien ugesprach dass et zu nei Besetzungen am Comité
komm ass an huet dunn d´Wuert un den neie Sekretär de Luss Dilk
weiderginn, dee kuerz op d´Aktivitéite vum vergaangene Joer agaangen
ass......... |
 |
"Socourt 2017" vum Luss
Bei beschtem Grillwieder mat Temperaturen iwwer
20° Grad, hat de Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg sech op de Wee
gemaach fir op Socourt an d´Vogese fëschen ze fueren. Um Weier ukomm
konnte mir direkt eemol feststellen dass vill geschafft gi war säit
mir fir d´lescht do gefëscht hunn, esou sinn déi dräi Chaleten déi
den Här Jean – Louis Thomas eis schonn dat lescht Joer ugekënnegt
hat an der Maach. Den zweete Weier fir d´Méckenfëscher ass och an
Tëschenzäit opgaangen an et sinn och neierdéngs Booter op dëser Plaz
ze léine fir ze fëschen........ |
 |
"Coupe
Patrick Riehl 2017" vum Luss
Den Samschden 11. Mäerz 2017 hate mir eis zu
Lamadelaine op de Weiere getraff fir déi 4. Editioun vun der Coupe
Patrick Riehl auszefëschen. Och Haut waren erëm 16 gutt gelaunte
Fëscher vum Fly Fishing Club ugetruede fir zesumme bei schéinstem
Fréijoerswieder een interessant Frëndschaftsfëschen auszedroen, am
Gedenken un eise vill ze fréi verstuerwene Fëscherkolleg, de Patrick
Riehl. Mir haten eis am Virfeld ee bësse Gedanke gemaach ewéi mir
déi Saachen déi bei der leschter Editioun vun eisem
Frëndschaftfëschen net esou gutt geklappt hate konnten dës Kéier
evitéieren,....... |
 |
"Domaine du
moulin neuf 2017" vum Luss
Samschdes de 17. Februar 2017 sinn d´Fëscher vum
Fly Fishing Club Lëtzebuerger op Boismont a Frankräich gefuer fir um
domaine du moulin neuf d´Geeschter vum Wanter ze verdreiwen.
Boismont ass schonn zanter Joren déi éischten
Destinatioun déi mir zum Optakt vum Joer usteieren an nodeems mir
dëst Joer nawell ee strenge Wanter hate war et laang Zäit guer net
sécher op eis éischt Sortie iwwerhaapt kéint stattfannen, esou
wousst de Gerant vum Site eis ze beriichten dass de Weier während
engem ganze Mount zougefruer war....... |
 |
"De Vlietlanden
2017" vum Luss
Véier Kollege vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg
haten sech opgemeet fir am Januar an Holland op den Hiecht fëschen
ze goen, firwat Januar? Ma dat soll dee Mount am Joer si wou déi
décksten Hiechte gefaange gi ….. Abee jo, awer natierlech nëmme wann
d´Polderen net zougefruer sinn! Loosse mir direkt Katz aus dem Sack,
wei mir ukomm si ware 95 % vun de Polderen déck zougefruer a sollten
och net méi entdeeën esou dass eis näischt Aneschters iwwreg bliwwen
ass wei déi ganzen Zäite mam Auto hin an hir ze fueren a Plazen ze
siche wou an d´wéinstens ee bëssen op war. Mee der Rei no....... |
Berichte 2016
|
|
 |
"Brouennes 2016"
vum Luss
Och dëst Joer ware mir op Brouennes a Frankräich
gefuer fir d´Joer auskléngen ze loossen. Et waren zwielef Membere
vum Flyfishing Club déi sech op de Wee gemaach hate fir eng leschte
Kéier am Joer zesumme mat der Méck ze fëschen. Éiert et konnt lass
goe war eemol veräiste Fënstere propper maachen ugesot an dunn war
ganz virsiichtegt Fueren ugesot ewell déi meeschtens kléng
Niewestroosse fir op Brouennes natierlech net gesalzt waren. Wéi mir
dunn ukomm waren hunn mir ee sichtlech iwwerraschte Gerant ugetraff
dee mat Allem gerechent hat just eben net mat eis...... |
 |
"La Strange
2016" vum Luss
De Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg war
traditioneller Weis den éischte Samschden am November op Hompré an
déi belsch Ardenne gefuer fir um Weier vu „ la Strange “ mat der
Méck ze fëschen. Nei war dëst Joer dass mir de Site fir eise Verän
gelount haten an domadder och nëmme Membere vum Club Haut do hunn
dierfe fëschen. Dëst war doduerch bedéngt dass mir dat lescht Joer
de Site hunn misse mat engem Club vun 40 Fëscher deelen deen een Dag
virun engem Concours zu Rabais dovunner profitéiert hat fir zu la
Strange ze trainéieren..... |
 |
"Clubmeeschterschaft
2016" vum Luss
De Flyfishing Club Lëtzebuerg huet de Samschde 15.
Oktober 2016 seng zweet Manche vum Club Championnat zu Rabais an der
Belsch ausgedroen. Bei guddem Hierschtwieder haten sech am Ganzen
zwielef Memberen deier Erausfuerderung gestallt. Mir haten eis um
zwielef Auer Rendez – vous ginn zu Rabais wou traditioneller Weis
eis zweet Manche am Stëllgewässer ausgedroe gëtt. Nodeems mir eis
Staangen opgeriicht haten an d´Stänn gesat waren ass et dunn bei
d´Waasser gaange wou et um hallwer zwou lass gaangen ass. .... |
 |
"Bräurup 2016" vum
Luss
Och dëst Joer waren ee puer Membere vum Fly
Fishing Club aus Lëtzebuerg an de Bräurup gefuer fir mat der Méck ze
fëschen. Leider hunn ech missen aus perséinleche Grënn ofsoe wat mir
natierlech nach méi déck deet elo wou ech déi vill schéi Fotoe
gesinn hunn an och verzielt kritt hunn wat ech dës Kéier verpasst
hunn. Wann ech awer menge Kollegen esou no gelauschtert hunn da si
Sie awer och Beschtens ouni mech Eens ginn an hunn gutt vun hirer
Zäit op deene schéine Strecke vum Hotel Bräurup profitéiert.... |
 |
"Clubmeeschterschaft
Heischtergronn 2016" vum Luss
Den Samschden 10. September 2016 hat de Flyfishing
Club Lëtzebuerg seng Memberen invitéiert fir ob der Uewersauer am
Heischtergronn déi éischt Manche vun hirer Clubmeeschterschaft
auszedroen. Et haten sech am Ganzen eng zéng Memberen dëser
Erausfuerderung gestallt a Sie hunn bei herrlechem Hierschtwieder ee
flotten Dag op der No Kill Streck vum Wëltzer Fëscherclub verbruecht.
Dëst Joer hunn mir eis net wei gewinnt virum Hotel Bissen getraff,
mee den Treffpunkt war um Camping selwer an do hunn mir och an der
nei renovéierter Buvette zu Mëtteg giess..... |
 |
"Freux 2016" vum Luss
De Flyfishing Club aus Lëtzebuerg war Gëschter op
Freux an d´Belsch gefuer fir zesummen ee schéinen Dag beim Waasser
ze verbréngen. Nodeems et déi leschten Deg nëmme gereent hat war
iwwerall op de Flëss Héichwaasser ugesot esou dass mir frou waren
dass eng Sortie mat eisem Club ugesot war a mir esou awer eiser
Passioun nokomme konnten. Mir waren zesummen op Freux bei Libramont
gefuer, eng Sortie déi och schonn eng laang Traditioun bei ons huet.... |
 |
"Worfkurs 2016"
vum Luss
Samstag den 28. Mai 2016, fand wieder in Burscheid
/ Mühle auf dem Camping Gritt der alljährliche Wurf Kurs des
Fliegenfischer Clubs aus Luxemburg statt. Auch in diesem Jahr waren
wieder zahlreiche Fliegenfischer angetretten um ihre individuellen
Wurffähigkeiten zu verbessern. Unsere Fliegenfischer - Freunde des
Fliegenfischer-Stammtisch-Saar waren auch wieder zahlreich anwesend
was uns jedes Jahr auf ein Neues Freude bereitet... |
 |
"Lacroix 2016" vum
Luss
De Fly Fishing Club Lëtzebuerg wor Haut op Lacroix
sur meuse fir mat der Méck ze fëschen. Dëst Joer wore mir ee
Mount méi spéid un wei sos an ewell mir zu Lacroix ëmmer mat dresche
Mécke gefëscht hunn wore mir Alleguerten och
dorobber agestallt, zemols wou elo mat der Meemécken Zäit dee
grousse Moment am Joer ass wou d´Fësch besonnesch
giereg déi dresche Méck huelen. Meeschtens kënnt et awer aneschters
wei een denkt, obschonn d´Wiederkonditioune
gutt woren, 25° an de ganzen Dag iwwer Sonn, woren d´Fësch awer net
Uewerflächen aktiv. ... |
 |
"Saulxures 2016" vum
Luss
De Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg hat och dëst
Joer eng Sortie op de Lac de la Moselotte fest ageplangt, ass dat
dach ee vun den Héichpunkten am Joer a fir mech déi schéinste Sortie.
Si mir am Ufank ëmmer fir zwee Deg dohinner gefuer, ass et awer elo
esou dass déi meeschte Fëscher scho Freides ureesen ewell een et och
gutt dräi Deg op dësem schéine Site aushält. Den Äender wor zeguer
schonn Donneschdes mat senger Fra ugereest a fir Sie wor et schonn
eng kleng Vakanz. Den Äender hat d´Fësch och scho gutt gekëddelt a
wousst ... |
|
 |
"Socourt 2016" vum
Luss
Dëst Joer ass de Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg
eemol erëm eng Kéier op Socourt an d´ Vogese gefuer fir mat der Méck
ze fëschen. Dëse Site wor virun enger Rei vu Joren nach fest an
eisem Joresprogramm verankert éiert am Joër 2012 net méi konnt do
gefëscht ginn ewell den Weier huet missen desinfizéiert gin an
erréicht am Joer 2013 erëm opgemeet gin wor. Haut wor et dann also
erëm esouwäit an 9 Kollegen haten sech op de Wee gemeet fir den
Réservoir vu Socourt nei fir onsere Club ze entdecken.. |
 |
"Coupe
Patrick Riehl 2016" vum Luss
Samschdes den 12.Mäerz 2016 huet zu Lamadelaine op
de Fëschweiere beim Joé, déi drëtt Oplag vun der Coupe Patrick Riehl
stattfonnt. Et haten sech erëm 18 Méckenfëscher vum Fly Fishing Club
Lëtzebuerg getraff fir zesummen ee flotten Dag beim Fëschen am
Gedenken un eise vill ze fréi verstuerwene Fëscherfrënn, de Patrick
Riehl, ze verbréngen.
Mir haten eis also bei wonnerschéinem Fréijorswieder afonnt fir an
Equipë vun all Kéiers zwee Fëscher dës Coupe auszefëschen.. |
 |
"Rabais 2016"
vum Luss
Och dëst Joer wore mir den Dag no eiser
Generalversammlung op Rabais an d´Belsch gefuer fir zesumme mat
eisem President, de Jeek, de „Dag vum President“ beim Waasser ze
verbréngen. Et wore gutt zwanzeg Memberen ugetruede fir deem fiichte
kale Wieder mat engem äisege Wand, d´Stir ze biden.
Wei mir ukomm sinn hunn mir fir d´éischt eemol mat Staune misse
feststellen dass de Weier zu Rabais ganz gebotzt gi wor, de
gréissten Deel vun den Algen um Fong vum Weier wor eraus gebotzt
ginn.... |
 |
"20 Joer
Flyfishing Club"
vum Luss
Ech erlabe mir eemol einfach de Bericht iwwert eis
19. uerdentlech Generalversammlung mat mengem Highlight vun der
Woch unzefänken, konnt ech dach mäin perséinleche Fësch vum Liewe
fänken. Nodeems ech Dësem iwwer Wochen
opgelauert hat, konnt ech Hien endlech dëse Mëttwoch, mat enger
Hiechtméck déi mir den Eric Arbogast extra dofir
gebonnen hat, iwwerlëschten. Leider hunn ech mäin Hiecht weder
gewien nach gemooss ewell ech Hien erëm séier an
d´Fräiheet entloosse wollt.... |
 |
"Boismont 2016"
vum Luss
Och dëst Joër ass d´Fëschersaison vum Fly Fishing
Club Lëtzebuerg zu Boismont an Frankräich um Domaine du moulin neuf
ungaangen. Éng fofzéng Memberen haten sech trotz dem schlechten
Wieder um Weiher zu Boismont getraff fir zesummen d´Geeschter vum
Wanter ze verdreiwen. Schon ewei ech Doheem erausgaangen sin an et
gereent huet ewei mat Eemeren, do wousst ech dass et Haut net géif
einfach gin. Dun ewei ech den Albert sichen gaangen sin, sin och
nach ennerweë sämtlech Luchten op roud gesprongen .... |
 |
"Brouennes" vum
Luss
Samsdes den 5.Dezember wor déi leschten Sortie fir
dëst Joër ungesot an 13 Fëscher vun eisem Club woren op Brouennes
gefour fir d´Joër auskléngen ze loossen. Ewei mir Moies Doheem
fortgefour sin war et richtég wanterlech, bei Temperaturen knapps
ënnert dem Gefréierpunkt hat den Niwwel deen dobäi komm wor
d´Stroossen schéin mat Räif iwwerzun esou dass ganz virsichtégt
Fueren ungesot wor. Den ganzen Dag iwwer sollten d´Temperaturen och
net iwwer 5 ° klammen .... |
 |
"la
combe des eaux bleues" vum Luss
Zwee Fëscher vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg
haten geplangt fir den 12. an 13. November zesummen fëschen ze goën.
Deen éischten Dag wollten Sie heibäi zu Saulxures um Lac de la
Moselotte fëschen fir dann unschléissend, nodeems Sie d´Nuecht zu
Saulxures an éngem um Séi geleënen Chalets verbruecht hun, dann
Moies fréih weider ze fueren op Écot – la – combe op een neien Site
ewou mir nach net gefëscht hun, la combe des eaux bleues...... |
 |
"La Strange" vum
Luss
Den Fly Fishing Club Luxembourg hat traditioneller
Weis den éischten Samsden am November séng Sortie op La Strange an
den belschen Ardennen, och nach …… oder virun Allem „ la Sortie du
Jambonneau“ genannt. Schon ewei d´Kollegen sech ungemellt hun fir un
der Sortie deel ze huelen huet keen gefroot ….. ewei gët d´Wieder ee
Samsden…. oder …… méngs De dëst Joër géifen mir vill Fësch fänken,
nee eis Memberen haten nëmmen éng Suerg ….. |
 |
"Bräurup im
Herbst" vum Luss
Sechs Fliegenfischer vom „ Fly Fishing Club
Luxembourg“ wollten es kurz vor dem Winter nochmals wissen und so
machten Sie sich auf den Weg um die letzten schönen Herbsttage im
„Nationalpark hohe Tauern“ an den Strecken des Hotels „Bräurup“ zu
verbringen. Dabei waren dieses Mal in der Reihenfolge, Dan Muno,
Albert Bettendorff, Jemp Hoffmann, Eugéne Quaring, Luss Dilk, und
Jemp Nicolas. Wir hatten vor zwei Jahren beschlossen diesen Ausflug
in unser Jahresprogramm einzufügen da man als Fliegenfischerclub im
Hotel Bräurup optimale Bedingungen vorfindet um eine solchen
Aufenthalt erfolgreich zu gestalten..... |
 |
"Clubmeeschterschaft
2015 - Deel 2" vum Luss
Mir haten eis Haut Samsdes den 17. Oktober zu
Rabais an der Belsch Rendez – vous gin fir den zweeten Duurchgang
vun eisem Clubchampionat auszedroën. Et woren 13 Fëscher ungetrueden
fir sech bei fiichtem Hierschtwieder un eneen ze moossen. Den
zweeten Duurchgaang fënd och traditioneller Weis am Stëllgewässer
statt nodeems den éischten Duurchgang jo ob der Uewersauer op der No
Kill Stréck vum Wëltzer Fëscherclub ausgedroën gin wor..... |
 |
"Clubmeeschterschaft
2015 - Deel 1" vum Luss
Samsdes den 12. September 2015 huet den Fly
Fishing Club Lëtzebuerg séng éischten Manche vun der
Clubmeeschterschaft am Heischentergronn op der No Kill Streck vum
Wëltzer Fëscherclub ausgedroën. Moies um ning Auer woren 13 gudd
gelaunten Fëscher vun eisem Fëscher Club ungetrueden fir dës
éischten Manche, déi traditioneller Weis am Fléissgewässer op der
Uewersauer ausgedroën gët, bei guddem Hierschtwieder auszefëschen..... |
 |
"Die Möll" vum Luss
Auch in diesem Jahr hatte ich, Dilk Luss, wieder
davon gebraucht gemacht um mich im Laufe meines Urlaubs zusammen mit
meiner Frau und meinen beiden Söhnen, ein paar Tage alleine
abzusetzen um dem Fliegenfischen zu frönen. Dieses Mal hatte ich
mich für die Möll entschieden wo ich bereits einmal vor Jahren
gefischt hatte und während dieser Zeit hervorragend im Hotel
Glocknerhof verwöhnt wurde.... |
 |
"Freux bei Libramont"
vum Luss
Haut Samsdes den 20.Juni hat den Fly Fishing Club
aus Lëtzebuerg éng Sortie op Freux an d´Belsch. Eis Unrees wor Haut
net esou onproblematesch ausgefall, knapps op der Autobun stungen
mir och schon am Stau, d´Areler Autobun wor iwwer ee puer kilometer
nëmmen op der Standspur ze befueren wat natirlech mat se bruecht
huet dass den Verkéierschaos net ausbliwwen ass. Esou koum et dass
verschidden Memberen zwou Stonnen gebraucht hun ewou een
normalerweis den Weiher zu Freux vun Lëtzebuerg aus an énger gudder
Stonn ereechen kann. .... |
 |
"Lattily" vum Änder
Och dëst Joër hat den Fly Fishing Club aus
Lëtzebuerg sech op den Weë gemeet fir ee puer schéiner Deg zu
Latilly um Domäine de la Salamandre ze verbréngen. Leider hun ee
puer Kollegen aus deenen verschiddensten Grënn missten dës Sortie
ofsoën mée déi Memberen déi sech net dovunner ofschrécken geloos hun
fir awer d´Rees op Latilly op sech ze huelen sollten Dëst och net
bereiën ewell Latilly ass nach ëmmer een eenzegartegen Site, deen
mat kénger annerer Destinatioun ze vergläichen ass déi mir am Joër
unsteieren..... |
 |
"Bräurup am Fréijoer" vum Luss
Vom 13. bis zum 18. Mai hatten sich die fünf
Freunde Misch, Patrick, Guy, Petzi und Luss zusammengerauft um die
Strecken des Fliegenfischer - Hotels „Bräurup“ in Mittersill
unsicher zu machen. Die Idee zu diesem Trip kam uns im Frühjahr
nachdem wir in der beliebten Zeitung „Fliegenfischen“ mehrmals einen
Bericht über die Krimmler Ache gelesen hatten und uns sofort ein
gewisses Heimweh gegenüber diesem wunderbaren Flusses befiel. Da die
Meisten von uns schon dass Vergnügen hatten an den idyllisch im
„Naturpark hohe Tauern“ gelegenen Strecken des Hotel Bräurup zu
fischen.... |
 |
"Lacoix sur Meuse 2015" vum Luss
Samsdes den 9. Mée 2015 woren 17 Memberen vum Fly
Fishing Club aus Lëtzebuerg op Lacroix – sur – meuse bei den Bruno
mat der Méck fëschen. Ewei mir Mueres zu Esch fortgefour sin huet et
gereent an mir haten eis schon op naast d´Wieder angestallt mée et
sollt awer ganz anneschters kommen ewell nodeems am Laaf vum Moien
d´Wolleken sech verzun haten huet den Rescht vum Dag iwwer d´Sonn
geschéint an d´Temperaturen lungen ëm déi 20° Grad. Den ganzen Dag
iwwer huet awer zum Deel een kräeftegen Wand gebloosen. Nodeems mir.... |
 |
"Worfkuur 2015" vum Luss
Samsdes den 2. Mée 2015 huet op der
Buurschtermillen um Camping um Gritt den Worfkuur vum Fly Fishing
Club aus Lëtzebuerg stattfond. Et haten sech éng 25 Méckenfëscher
anfond fir ënnert der Leedung vum Patrick Steenhout, mat der
Ënnerstetzung vum Ludo an vum Armin, hir individuell Fähegkeeten an
Worftechniken ze verbesseren. All Joërs op een Neist bid eisen Club
séngen Memberen dës Geleenheet un an wann een gesäit mat eweivill
Ansatz an Äifer d´Fëscher hei zu Wierk gin dann versteet een virwat
och den Worfkuur fest an eisem Joresprogramm verankert ass....... |
 |
"Moselotte 2015" vum Luss
Den Week – end vum 17. Abrëll bis den 19. Abrëll
woren d´Memberen vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg an d´Vogesen
gefour fir zu Saulxures um Lac de la Moselotte dräi Deg mat der Méck
ze fëschen. Schon ënnerweë op der Autobunn huet et ungefaangen ze
reenen an et sollt den éischten Dag och ëmmer erëm kräfteg Schaueren
niddergoën mée dat konnt eis awer Näischt unhun an mir sin duerno
mat zwee Deg bei beschtem Fréijorswieder verwinnt gin, och wann den
zweeten Dag een kräftegen an kaalen Wand gebloosen huet. .... |
 |
"Rabais 2015" vum Luss
Samsdes, den 21. März 2015 haten sech 20 Memberen
vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg getraff fir een Dag ënner
Gläichgesënnten um Lac de Rabais an der Belsch ze verbréngen. Bei
naass kaalem Wieder mat éngem äisegen Wand woren mir ungetrueden fir
um traditionellen Dag no der Generalversammlung zesummen mat eisem
Präsident, dem Jeek, fëschen ze goën. Ewei mit unkomm sin wor
natiirlech den Äender schon am gaangen ze fëschen mée neierdéngs
kritt Hien awer an dësen Belaangen Konkurenz ewell och den Bartholmé
Patrick een Frühaufsteher ass deen och net fréih genuch bei
d´Waasser kommen kann. ..... |
 |
"Generalversammlung 2015"
vum Luss
Freides den 20. März 2015 huet zu Lamadelaine op
den Fëschweiheren déi 18. uerdentlech Generalversammlung vum
Flyfishing Club aus Lëtzebuerg stattfond. Et haten sech ganz vill
Memberen anfond an mir wëllen op dësem Weë all den Unwiesenden een
décken Merci soën ewell Sie mat hirem Ansatz gewisen hun dass eisen
Fëscherclub Hinnen éng Häerzensugeleenheet ass an dodernieft gët dat
dem Präsident an séngem Komité och d´Gefill dass hir Aarbecht, déi
Sie am Laaf vum Joër fir den Veräin geleescht hun, och gewirdegt gët..... |
 |
"Coupe Patrick Riehl 2015"
vum Luss
Samsdes den 7. März 2015 haten d´Fëscher vum Fly
Fishing Club aus Lëtzebuerg sech zu Lamadelaine op den Weiheren
getraff fir éng zweet Editioun vun der Coupe Patrick Riehl
auszefëschen, et handelt sech heibäi ëm een Frëndschaftsfëschen zum
Gedenken un eisen verstuerwenen Member, den Patrick Riehl. Den
Patrick wor een leidenschaftlechen Méckenfëscher an eis een gudden
Frënd deen eis leider vill ze fréih verloos huet. Et haten sech also
18 Fëscher anfond fir zesummen an Équipen vun all Kéiers zwee
Fëscher dës Coupe auszefëschen, mir haten vun Ufank aus un den
festen Wëllen aus der Coupe Patrick Riehl een Fëschen ënnert
Gläichgesënnten ze maachen, .... |
 |
"Domaine du Moulin
Neuf" vum Luss
Samsdes den 21. Februar huet den Fly Fishing
Club aus Lëtzebuerg d´Fréijoër angelaut an dass mir dobäi net esou
falsch luungen huet sech gewisen ewei traditioneller Weis och erëm
Krucherten um Rendez – vous woren an eis lautstoark ungekënnegt hun
dass mir eis net an der Zäit verdun haten. Et wor dann och een ganz
aussergewéinlechen Dag fir eisen Member den Andy, Hien an d´Cyndi
woren an der Nuecht houffrég Elteren vun éngem léiwen Meedchen gin
an mir wëllen Hinnen dann och op dësem Weë nach éng Kéier
häerzlechst gratuléieren.... |
 |
"Sommedieue
am Wanter" vum Luss
Mir woren den 6. Dezember zu énger gudden
dozen Memberen vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg op Sommedieue bei
den Bruno fëschen. Ech wees net op et um Kleesschen luung mée mir
sin objidverfall fir den Joresofschloss nach éng Kéier räich belount
gin an kënnen elo berouëgt an den Wanterschloof goën. Um Virowend
vun eiser Sortie haten mir den Eric Arbogast bei ons op den
Bannowend zu Lamadelaine invitéiert an Hien huet eis dun schon esou
richtég an Stëmmung bruecht, net nëmmen dass mir wonnerschéin Mécken,
den Seal Bugger an d´Stilwater Nymph mat Him zesummen gebonnen hun ... |
 |
"La Sortie du
Jambonneau" vum Luss
Haut Samsdes den 8. November haten 19 Memberen vum
Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg sech op den Weë an déi belsch
Ardennen gemeet fir um Séi vun la Strange déi traditionell “ Sortie
du Jambonneau “ ze zelebréieren, dat kléngt villäicht ee bëssen déck
opgedroën, mée déi Memberen déi sech all Joërs op een Neist um
Jambonneau moossen wëssen dass dës Sortie unsech net aus eisem
Kalenner eweg ze denken ass. Ouni ze iwwerdreiwen woën ech ze soën
dass et bei dëser Sortie zeguer an der Haaptsaach ëm den Jambonneau
geet, mée ewell esou éng Héiss eemol fir d´éischt muss erschafft gin, ... |
 |
"Clubmeeschterschaft
zu Rabais" vum Luss
Haut den 18. Oktober huet zu Rabais an der Belsch
déi zweeten Manche vum Club Championat vum Fly Fishing Club aus
Lëtzebuerg stattfond. Et woren 12 Fëscher ungetrueden fir dësen 2.
Duurchgang auszedroën. Mir haten genee ewei bei der éischter Manche
am Fléissgewässer och Haut super Hierschtwieder erwëscht mat
Temperaturen ëm déi 20 Grad an déi ganzen Zäiten Sonn. Leider woren
am Virfeld ee puer Kollegen aus gesondheetlechen Grënn ausgefall
oder woren beruflech verhënnert mée mir haten awer erëm éng gudd
Équipe zesummen kritt déi een ganz spannenden Mätsch mat éngem ganz
éngem Ausgang ausgedroën huet. ... |
 |
"Bräurup mam
Flyfishing-Club" vum Luss
Vum 4. bis den 8. Oktober 2014 haten sech 6
Memberen / Kollegen vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg op den Weë
gemeet fir ee puer flotter Deg beim Méckenfëschen an Éisterräich ze
verbréngen. Nodeems d´Équipe ronderëm den Eugéne Quaring, den Marc
Duton, den Jemp Hoffmann, den Fränz Meis, den Jemp Nicolas an den
Luss zesummen fond hat, hun mir eis schon traditioneller Weis zu
Schëndels an der Pizzeria géigeniwwer vum Schlass getraff fir ze
beschwätzen ewei mir dat Ganzt willten ungoën. Schon hei huet sech
herausgestallt dass sech sechs Kollegen fond haten déi gudd mateneen
konnten ... |
 |
"Clubmeeschterschaft
eischten Manche" vum Luss
Haut Samsdes den 20. September 2014 hat den
Flyfishing Club Lëtzebuerg séng Memberen invitéiert fir ob der
Uewersauer am Heischenter Grond déi éischt Manche vun hirer
Clubmeeschterschaft auszedroën. Et haten sech am Ganzen éng eelef
Memberen dëser Erausfuerderung gestallt an Sie hun bei herrlechem
Hierschtwieder een flotten Dag op der No Kill Streck vum Wëltzer
Fëscherclub verbruecht. Moies ass den Niwwel nach iwwert d´Sauer
gezun an och den Besch huet esou lues ungefaangen Farw ze
bekennen.... |
 |
Auch in diesem Jahr angelte ich an den Strecken
des Hotels Bräurup in Mittersill, hatte ich im Herbst des letzten
Jahres
noch so viel Glück und konnte einige Tage bei herrlichem
Herbstwetter genießen, so hieß es diesmal "Land unter in Mittersill"
In der Woche vor meinem Aufenthalt hatte es in ganz Österreich viel
geregnet, das brachte mit sich dass die Salzach die im Normalfall
einen Wasserstand von 2,50 m führt, es auf einen Pegel von 5,80 m
brachte was auch für die Hochwasser gewohnten Einwohner aus
Mittersill des Guten doch etwas zu viel war. ..... |
 |
Och dëst Joër haten mir an eisem Joresprogramm éng
Sortie am Summer op Sommedieue bei den Bruno angeplangt. Mir fueren
all Joërs zwee Mol op dës Plaz fir mat der Méck ze fëschen.
Sommedieue ass ëmmer éng Rees wert, hei kann een an aller Rouh fir
een Dag Ofstand vum Alldag huelen. 16 Memberen vun eisem Club haten
dann och d´Geleenheet ergraff an hun zesummen ee wonnerschéinen Dag
an der intakter Natur vum Domaine de Sommedieue verbruecht. d´Wieder
huet och matgespillt an esou hun mir an ganzen Zich den Dag genoss.
Nodeems mir Moies géint néng Auer unkomm woren an eis beim Bruno
ungemellt haten, hun mir dovunner profitéiert fir een Ofstiecher bei
den Sebastien ze ënnerhuelen deem säin Fëschergeschäft „CAST – AGAIN“
direckt um Site läit. Hei unkomm hun mir eis ... |
|
 |
Nachdem Sie einen Typ von ihrem Freund Raymond
bekommen hatten machten sich die drei Freunde Mich, Patrick und Luss
auf den Weg um die Ybbs in Niederösterreich zu erkunden. Vom 24. –
29.Juni verbrachten Sie vier wunderschöne Tage beim Fliegenfischen
im schönen St. Georgen am Reith wo sie im Fliegenfischerhotel
Jagdhof Breithental bei Frau Eva Maria bestens untergebracht waren.
Die Ybbs liegt wunderschön eingebettet in einem Tal wo noch absolute
Ruhe herrscht und die Natur noch intakt ist, so konnten wir mehrere
Male Rehe antreffen die am Wasser entlang zogen und Patrick hatte
sogar am Abend beim Abendsprung eine Begegnung mit zwei Rehen die
vor Ihm im Wasser standen und sich wenig an seiner
Anwesenheit....... |
 |
Vom 3. bis zum 7. Juni 2014 hatten sich fünf
Freunde / Mitglieder des Flyfishing Club aus Luxemburg auf den Weg
gemacht um ein paar herrliche Tage beim Fliegenfischen an der
Urschlauer Ache und der weißen Traun zu verbringen. Es gehört schon
zur Tradition dass wir einmal im Jahr einen Abstecher nach
Ruhpolding in Bayern in den Ortnerhof einplanen um dort unserer
Leidenschaft, dem Fliegenfischen, nachzukommen. Auch in diesem Jahr
hatten wir nicht umsonst die beschwerliche Anreise über die
gefürchtete Baustellen/Staustrecke A 8 München / Salzburg auf uns
genommen um nach Ruhpolding ins schöne Bundesland Bayern zu reisen,
es sollte jedoch nicht so schlimm werden wie wir es von vorneherein
befürchtet hatten.... |
 |
Och dëst Joër woren mir op Latilly op den Domaine
de la Salamandre gefour fir ee puer schéiner Deg ënner
Fëscherkollegen ze verbréngen. Fofzéng Memberen vum Fly Fishing Club
aus Lëtzebuerg woren matgefour an sollten dräi wonnerschéin an
erliewnessräich Deg op dësem schéinen Site erliewen. Latilly ass fir
eis ëmmer ee bëssen Vakanzenfeeling ewell teschent den Sanddünen
kënnt ëmmer d´Gefill op ewei wann een géif op der Plage fëschen.
Nodeems mir unkomm woren an eis an Schuel gehäit haten, hun mir
direckt ee bëssen bei den Booter gefëscht fir een gudden Unfank ze
kréien an hei huet et och direckt gerabbelt...... |
 |
Mir haten den 10. an 11. Mée 2014 eis Sortie op
Saulxures – sur – Moselotte an d´Vogesen programméiert an 25
Memberen vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg woren matgefour an
wäerten dës zwee Deg esoubal net méi vergiessen. Schon virun eiser
Unrees haten se eis wiesselhaft Wieder mat op den Weë gin an
d´Wiederfee aus dem Radio sollt och fir éng Kéier recht behalen mat
hirer Prognose. Mir haten beim Wieder mat allem ze din, Sonn,
Wollecken, Reen, Wiederen, Knëppelsténg an virun allem ëmmer een
kräeftegen Wand deen eis ronderen d´Oueren gebloossen huet.......... |
 |
Och dëst Joër haten mir éng Sortie op Lacroix –
sur – meuse an onserem Joresplang virgesin. Wor virun Joren dësen
Site als Alternativ mat an den Programm gehol gin, esou ass awer och
dës Sortie mëttlerweil fest an eisem alljährlechen Planing
verankert. Mir haten eis also Moies zu Lacroix – sur – meuse, dat
läit an der Géigend vun Verdun, gesin an et woren am Ganzen 22
Fëscher déi eisem Opruff nokomm woren. Nodeems lues a lues d´Fëscher
no eneen angetraff sin, ewoubäi et schon komesch geschéngt huet dass
alleguer d´Autoën aus Richtung Dieue sur meuse bäigefour sin ausser
eisen Präsident den Jeek, Hien hat erëm éng Ofkiirzung fond déi ee
bëssen méi laang gedauert huet...... |
 |
8 Fëscher vun eiser Sektioun woren an d´Vogesen
gefuer fir um Frëndschaftsfëschen “24 heures de Saulxures” dat vum
Club “ VOSGES MOUCHE” organiséiert gin wor, deeel ze huelen. d´FLPS
– Sektioun Mouches wor hei mat den Équipen Gilson/Pauly, Strotz/Dilk,
Bissener/Decker an Bartholmé/Scheid vertrueden. Am Virfeld wor
virgesin dass den Claude sollt mam Ben Scheuer zesummen fëschen mée
leider konnt Dësen aus gesondheetlechen Grënn net matfëschen esou
dass den Luss dun fir Hien angesprongen ass, mir profitéieren dann
och dovunner fir dem Ben op dësem Weë éng gudd Besserung ze wënschen..... |
 |
Den Week – end vum 18. bis den 20. Abrëll 2014
woren mir zu 8 Fëscher an d´Vogesen gefuer fir un éngem
Frëndschaftsfëschen um Séi vun Saulxure - sur - Moselotte deel ze
huelen. Den Séi vun Saulxure ass eis jo beschtens bekannt vun
eisen Sortiën an natirlech fueren mir och dëst Joër am Mée erëm
dohinner fir ee puer schéiner Deg do ze verbréngen. Fënnef vun eisen
Memberen haten awer dës Kéier och eemol vun der Méiglechkeet
profitéiert fir an éngem vun deenen schéinen Flëss, déi an den
Vogesen ze fannen sin, ze fëschen....... |
 |
Den 1. Abrëll 2014 haten sech d´Kollegen vum Fly
Fishing Club aus Lëtzebuerg getraff fir op der Ouverture vun der
Forell zesummen op den Strecken vun der Entente du Sud ze fëschen.
Dëst Joër hat den Péitrus et besonesch gudd mat ons geméngt, woren
et dach iwwer 20° Grad an vun Moies bis Owes nëmmen Sonn. Den Jemp,
den Albert an den Luss woren schon traditionellerweis op Kautenbach
gefuer fir an der Wolz ze fëschen. Mée et woren awer op allen
Strecken vum Mechela bis Giewelsmillen vill Fëscher unzetreffen an
och d´Kollegen vum Fly Fishing Club haten sech monter iwwert déi
ganz Streck verdeelt. d´Waasser wor erstaunlech niddrég fir dës Zäit.... |
 |
Mir haten eis Haut Samschdes den 29. März 2014 op
den Fëschweiheren zu Lamadelaine getraff fir d´Coupe Patrick Riehl
auszefëschen. Den Patrick, laangjäehregen Member am Flyfishing Club
Lëtzebuerg, wor leider am Laaf vum leschten Joër verscheed an Him
zum Gedenken wollten mir een Dag ënnert Kollegen fëschen mam Wëssen
dass dat garantéiert am Sënn vum Patrick gewiecht wär, wor Hien dach
een leidenschaftlechen Méckenfëscher deen kéng Geleenheet ausgelooss
huet ënnert Kollegen beim Waasser ze verbréngen. Mir wollten schon
laang ee puer nei Punkten an den Aktivitéitsprogramm vun eisem Club
integréieren..... |
 |
Haut Samschdes den 22. März 2014 wor et erëm
esouwäit, Rabais an der Belsch wor ugesot an den harden Kär vun den
Fëscher vum Fly Fishing Club Lëtzebuerg wor ungetrueden fir eisen
Präsident héichliewen ze loossen. Den Dag no eiser
Generalversammlung treffen mir eis ëmmer fir zesummen op den Séi vun
Rabais fëschen ze goën an ewell et Owes och ewei ëmmer ee bëssen
spéid gin wor konnt een dann och Moies vill midd Fëscher gesin. Dës
Kéier wor dann och eemol éng Kéier net den Änder...... |
|
 |
Den Freiden 21. März 2014 ass zu Rolléng op den
Fëschweiheren déi 17. uerdentlech Generalversammlung vum Fly -
Fishing Club Lëtzebuerg ofgehalen gin. Fir unzefänken wollt ech
eemol een décken Merci un all eis aktiv Memberen las gin déi dëst
Joër bal vollzähleg ungetrueden woren an domader och dozou
bäigedroën hun dass mir een flotten an harmoneschen Owend konnten
zesummen verbréngen. Mir hun d´Fëschsaison déi hannert eis läit esou
nach éng Kéier konnten Revue passéieren loossen an dodernieft awer
och een Ausbléck op d´Saison déi virun eis läit, woen........ |
|
 |
Och dëst Joër wor den Optakt vun eiser Fëschsaison
zu Boismont an Frankräich um Domaine du Moulin neuf ewou mir eis
getraff hun fir d´Geeschter vum Wanter ze verdreiwen. Oh jee, dës
Kéier ass et awer direckt knëppeldéck komm, schon déi éischt roud
Luucht op eiser Unrees wor roud, dat ass Nie ee gudd Zeechen ewell
dann kënnen d´Fësch schon net bäissen. Ewei mir dun um Weiher
bäigefour sin dun stuung den Änder schon an voller Montur do, prett
fir las ze leën. Dat wor awer éischter normal, ass den Änder dach
ëmmer den Éischten.......... |
 |
Mir woren Haut zu dräi Mann héich, den Patrick
Bartholmé, den Patrick Scheid an den Luss, bei d´Cindy an den Andy
fëschen. Jo Dir hut richteg gelies, beim Andy kann een neierdéngs
net nëmmen gudd Mécken bannen née et kann een se och direckt
ausprobéieren an ech muss soën dass mir Haut een formidabelen Dag,
mat ganz vill Fësch an allen Moossen, bei Hinnen verbruecht hun.
Dass een bei hinnen Zwee och nach richteg gudd ze iessen an ze
drénken kritt hät ech unsech net bräichten ze ernimmen mée och dat
ass jo fir eis Fëscher net onweesentlech...... |
Berichte 2013
|
|
 |
Haut Samschdes den 7. Dezember wor Sommedieue bei
Verdun fest an lëtzebuerger Hand, hat den Flyfishing Club aus
Lëtzebuerg sech dach op den Weë gemeet fir traditioneller Weis op
dëser Plaz d´Joër auskléngen ze loossen. Haten se eis am Virfeld
nach Schnéi mat Minus –Temperaturen ungekënnegt, esou wor eis den
Péitrus awer gudd gesënnt an huet eis bei mëllen 4,5 Grad Plus an ee
bëssen Fisemreen een schéinen Dag ënnert Fëscherkollegen vergönnt.
...... |
 |
Eemol am Joër dann ass et ëmmer esouwäit, dann
mussen mir et hun, dann steet den kulinareschen Héichpunkt vum Joër
un an do kennen mir kéng Gnod, dann fueren mir an déi belsch
Ardennen an verdrëcken éng Schwéngshéiss déi mat énger béarneaise
Zoss zerwéiert gët an net genuch domader, née et gët och nach
Fritten en masse, Häerz wat begiirs de méih.
Natirlech haten ganz vill Memberen sech dat net entgoën geloos an
esou sin mir zu énger 22 ungetrueden fir eis déier Erausfuederung ze
stellen. .... |
 |
Haut Samschdes den 12. Oktober 2013 huet an der
Belscht um Séi vun Rabais déi zweeten Manche vun eiser
Clubmeeschterschaft stattfond. Genee ewei virun éngem Mount op der
éischter Manche am Fléissgewässer, haten sech erëm éng sellechen
Clubmemberen anfond fir sech un eneen ze moossen.Fir unzefänken sin
déi eenzel Stänn gesat gin an duerno sin déi jeweileg Plazen geloust
gin ewou all Member unzetrieden hat. Am Ganzen sin och am
Stëllgewässer dräi Manchen.....
|
 |
Ich, Dilk Luss, war nach Österreich gefahren um
kurz vor dem Winter davon zu profitieren dass die Flüsse wie die
Salzach, zu diesem Zeitpunkt Niedrigwasser führen und somit die hohe
Zeit des Äschenfischens anbricht. Daneben ist der Herbst die
Jahreszeit die mir es besonders angetan hat, wenn sich die Wälder
verfärben und sich vor dem herannahenden Winter die letzten schönen
Sonnentage ankündigen. Am Tage vor meiner Abfahrt waren in
Österreich 40 cm Schnee bis in die Alpentäler gefallen
|
 |
Haut Samschdes den 21. September 2013 haten mir
eis am Heischenter Gron getraff fir déi éischten Manche vun der
Clubmeeschterschaft vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg auszedroën.
Et haten sech am Ganzen 13 Fëscher dëser Erausfuerderung gestallt an
sin ungetrueden fir den Clubmeeschter fir d´Joër 2014 ze ermëttelen.
Nodeems et an leschter Zäit vill gereent hat wor fir dësen Samschden
schéint Hierschtwieder viraus gesot an esou sollt et dann och
antrieden. Den Dag ass ungaangen ewei sech dat am Hierscht gehéiert
mat Niwwel an der Fréih, ewei sech dësen awer dun verzun hat stung
éngem schéinen Dag mat vill Sonn näischt méi am Weë. |
 |
Auch in diesem Jahr habe ich während meines
Urlaubs mit der Familie in Österreich, die Gelegenheit beim Schopfe
gepackt um mich ein paar Tage beim Fliegenfischen zu entspannen.
Nachdem ich in der Zeitung „Fliegenfischen“ ein Bericht über „das
Fliegenfischen im „ Falknerhof “ gelesen habe, entschied ich mich
dafür es doch mal in diesem schön gelegenen Hochtal mit dem
Fliegenfischen zu versuchen. Der Ort Niederthai liegt auf 1550 m und
ist der ideale Ausgangpunkt für Wanderungen in die Ötztaler
Bergwelt. |
 |
Och dëst Joër haten mir an Summer éng Sortie op
Sommedieue virgesin. Samschdes den 3.August 2013 haten sech éng
selleschen Fëscher op den Weë gemeet fir bei guddem Summerwieder een
Dag ënnert Kollegen ze verbréngen.
|
 |
Dëst Joër wor et eemol erëm éng Kéier esouwäit,
mir woren zu énger siewenzéng Méckenfëscher vum Flyfishing Club aus
Lëtzebuerg op Freux an d´Belscht gefour fir do zesummen mat der Méck
ze fëschen. Mir haten eegens am Kader vum Komité decidéiert fir dës
Sortie dëst Joër schon am Juli anzeplangen ewell et am August oft ze
woarm wor fir kënnen op dësem Séi ze fëschen. Dofir hun mir dann och
eis Summer - Sortie op Sommedieue an den August eran verluecht, an
Plaz vun Freux, ewell een zu Sommedieue, bedéngt duurch dat kaalt
Waasser, ëmmer fëschen kann an dat esouwuel am Summer ewei och am
Wanter.....
|
 |
Auch in diesem Jahr hatten sich wieder vier
Fliegenfischer / Freunde vom Flyfishing Club aus Luxemburg
aufgemacht um vier schöne Tage an den Strecken des Hotels „
Ortnerhof “ in Ruhpolding zu verbringen. Nachdem wir die 680 km
lange Anreise über die bestens bekannte Hauptverkehrsader A 8
München/Salzburg ohne größere Probleme hinter uns gebracht hatten
kamen wir Mittags gegen 14 Uhr in Ruhpolding an wo wir uns sofort an
die Ufer der Urschlauer Ache begaben um unserem Freund, Patrick, der
zum ersten Male dabei war, die schöne Urschlauer Ache vorzustellen.
Was wir bei unser Ankunft zu Gesicht bekamen ließ uns dann aber das
Blut in den Adern gefrieren....... |
 |
Den 1. Juni 2013 wor et erëm esouwäit, eis Sortie
op den Domaine de la Salamandre wor ungesot an 22 Memberen vum
Flyfishing Club aus Lëtzebuerg hun sech op den Weë gemeet fir den
Héichpunkt vum Joër ze zelebréieren. Schon um Virowend vun eiser
Sortie woren Fëscher vun eisem Club zu Latilly ungereest ewell Sie
et net méih erwuarden konnten endlech erëm op dësem schéinen Site
hir Mécken op d´Waasser ze bréngen an esou koum et dass den Änder,
den Mich an den Patrick, schon fréckt gefëscht woren ewei déi
meeschten Memberen angetraff sin. Ech hun mir soën geloos dass déi
Dräi d´Stëmmung schon fatzég ungeheitzt haten an domader den Terrain
fir déi anner Fëscher präparéiert hun...... |
 |
Eis Sortie op Saulxure – sur – Moselotte an d´
Vogesen wor dëst Joër leider sprëchwirdlech an d´ Waasser gefall.
Wor et nach zwee Deg virun eiser Sortie schon richtég summerlech mat
25° an Sonn vun Moies bis Owes, esou ass d´Wieder leider komplett
ëmgeschloën an mir haten fir dës Kéier fatzégen Reen erwëscht mat
Temperaturen ëm déi 5°. Näischt desto Trotz haten sech trotzdeem éng
25 Fëscher vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg an den Vogesen getraff
fir zesummen zwee schéiner Deg ze verbréngen an ewei mir op der base
de loisir unkomm sin woren schon déi éischten Fëscher angetraff an
sutzen beim Kaffi......
|
 |
20 Fëscher vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg
haten sech, Haut Samschdes den 20. Abrëll 2013, zu Lacroix sur meuse
an Frankräich Rendez – vous gin fir zesummen mat der Méck ze
fëschen. Et wor dëst, noh den Sortiën op Boismont an op Rabais, eis
drëtten Sortie fir dëst Joër. Och Haut woren mir net verwinnt gin
vum Wieder, woren d´ Temperaturen am Laaf vun der vergaangener Woch
schon deelweis op 25° geklommen, esou woren fir eis Sortie nach 12 °
dovunner iwwreg bliwwen an dobäi koum een zoliden Want deen den
ganzen Dag iwwer net nohloossen sollt...... |
 |
Haut Samschdes den 23.März wor et erëm esouwäit,
Rabais wor ungesot an do wees jidereen direckt wat dat heescht.
Dat ass deen Dag ewou mir besonnesch schounend mat eisem Präsident
ëmgoën mussen ewell den Dag no der Generalversammlung ëmmer Him
geschold ass. Hien dierf dann d´Memberen vum Flyfishing Club
verwinnen ewell mir annerwäerts dat ganzt Joër mat Him geplot sin,
wat mir awer gären op eis huelen ewell mir eis bewosst sin dass et
keen besseren Präsident fir eis kann gin ewei den Jeek et ass...... |
 |
Freides den 22. März 2013 huet zu Rolléng op den
Fëschweiheren, beim Cindy an beim Andy, déi 16. uerdentlech
Generalvesammlung vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg stattfond. Et
haten sech éng gudd 30 Memberen anfond fir un der Generalversammlung
deelzehuelen. Dodernieft konnten mir och den Claude Strotz als
offiziellen Member vum Verwaltungsrot vun der FLPS begréissen. Mat
vun der Parti woren och eis Memberen aus dem nohen Saarland vum
Stammtisch Saarwellingen déi och dës Kéier déi wäit Unrees net
gescheiht hun..... |
 |
Den Luss an den Mich haten sech op den Weë gemeet
fir um Flyfishing Startup zu Merzig am Saarland deelzehuelen. Dëst
Evenement gouf vum Organisateur folgendermoossen beschriwwen.
Flyfishing-Startup, das ist eine Veranstaltung, die sich seit 2006
von einem Geheimtipp zu einer Kultveranstaltung entwickelt hat.
Inspiriert und motiviert von den vorhergegangenen Startups, haben
Werner Becker und Freunde diesen Event ins Saarland geholt....... |
 |
Haut Samschden den 16. Februar 2013 haten sech éng
15 Fëscher vum Fly Fishing Club aus Lëtzebuerg op den Weë gemeet fir
zu Boismont an Frankräich déi béis Geeschter vum Wanter ze
vedreiwen. Mir hun zwar kéng Buurg verbrannt an d´Horgänsen woren
och net iwwert eis eweg geflun an awer woren mir der Ménung dass et
elo un der Zäit wär dass et endlech erëm las géif goën. Den Wanter
wor dëst Joër zimlech laang an nawell zolidd ausgefall an dofir lung
dann och Haut nach ee bëssen Schnéi deen eis awer weder bei der
Unrees gestéiert huet nach dovunner ofhalen konnt een flotten
Fëscherdag bei gemitlechen 4° Grad plus am Niwwel ze verbréngen.
...... |
Berichte 2012
|
|
 |
Am Kader vun den Bannowender vum Flyfishing Club
aus Lëtzebuerg hat den Méckenjang ( Jang Quintus ) den
beschtbekannten Méckenbënner, Eddy Zauner, aus dem Elsass bei ons
invitéiert. Dës Geleenheet hat sech am Virfeld vun der Ausstellung
fir Méckenfëscher zu Charleroi ergin ewou den Eddy Zauner all Joërs
ob een Neist séng Kënschten als Méckenbënner zum beschten gët....... |
 |
Pënktlech fir den Joresofschloss vum Flyfishing
Club aus Lëtzebuerg wor den Wanter angetraff an hat um Domaine vun
Sommedieue bei Verdun den wäissen Teppech fir eis ausgerullt. Mir
haten eis zu énger 16 Fëscher éng leschten Kéier an dësem Joër op
den Weë gemeet fir zu Sommedieue den Wanter anzelauden an sin virum
Wanterschloof nach éng Kéier esou richtég verwinnt gin. Zum Gkéck
hat et um Virdag geschneit, esou dass eis Unrees onproblematesch
verlaaf ass ewell d´Stroossen erëm fräi woren. Bei knackégen
Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt an lichtem Schnéifall hun mir
een wonnerschéinen Dag beim Waasser mat ganz vill Fësch erliewt.
..... |
 |
Och am Joër 2012 huet den Méckenjang ,Jang
Quintus, erëm een flotten Programm fir d´Méckenbënner vun Flyfishing
Club aus Lëtzebuerg op d´Been gestallt. d´Bannkuren fänken den 19.
Oktober 2012 un an daueren bis den 23 März am Joër 2013. All Joërs
op een Neis geléngt et dem Méckenjang, mat der dotkräfteger
Ënnerstetzung vum Raym Paulus, een originellen an
ofwiesslungsräichen Programm zesummen ze stellen, fir
d´Méckenfëscher vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg aus dem
Wanterschloof un den Bannstack ze lackelen..... |
 |
Den Samschden 10 November 2012 hun sech 16
Memberen vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg zu Hompré an der Belscht
getraff fir zesummen een flotten Dag um Séi vun la Strange ze
verbréngen. Den Mount November ass fir d´Memberen vum Fly Fishing
Club aus Lëtzebuerg och ëmmer den kulinareschen Héichpunkt am Joër
ewell op la Strange fueren mir net nëmmen fir ze fëschen, née dës
Sortie steet ëmmer ganz am Zeechen vun “ le Jambonneau ”, énger
gekachten Héis déi mat énger sauce bearnaise zervéiert gët.... |
|
 |
Och dëst Joër ass zu Rabais an der Belscht déi
zweeten Manche vum Clubchampionat vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg
ausgedroën gin. Bei wonnerschéinem Hierschtwieder haten sech am
Ganzen éng 20 Méckenfëscher anfond fir zesummen een spannenden Mätch
auszedroën. Éiert et bei d´Waasser gaangen ass hun d´Memberen fir
unzefänken nach den leschten Beschass ënnert eneen ausgetosch an
esou munech Feinte vun der psyschologescher Krichsféierung ass un
den Dag geluecht gin, mée ewei et dun bei d´Waasser gaangen ass dun
stuung natirlech d´Freed un der Saach erëm am Virdergrond...... |
 |
Drei Luxemburger Fliegenfischer / Freunde hatten
sich zusammen aufgemacht um die sagenhafte Soča in Slowenien zu
erkunden. Dieser Fluss, vorab als der smaragdener Fluss, das Juwel
der Julichen Alpen oder auch als die Perle der Karawanken
bezeichnet, sollte alle die in ihn gesetzten Erwartungen die wir im
Vorfeld hatten, noch bei weitem übertreffen.
Mit dem Bewusstsein dass dieser Urlaub einen Höhenpunkt in unserer
Laufbahn als Fliegenfischer darstellen sollte, haben wir uns .......
|
 |
Haut Samschdes den 22 September 2012 huet déi
éischten Manche vum Clubfëschen vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg,
op der Uewersauer am Heischentergrond stattfond. Et haten sech 14
Méckenfëscher anfond fir sech beim alljäehrlechen Clubfëschen un
eneen ze moossen. Natirlech besteet och dëst Joër eist Championat
aus énger Manche am Fléissgewässer an énger Manche am Stëllgewässer
um Séi zu Rabais.....
|
 |
Auch in diesem Jahr verbrachte Dilk Luss, wieder
einige Tage an den schönen Fliegenfischerstrecken des Hotels Bräurup
im Herzen des Nationalparks hohe Tauern gelegen. Dieses
traditionsreiche Haus bietet dem Fliegenfischer alles was das Herz
eines Fliegenfischer höher schlagen lässt. Bei 130 km Fließgewässer
sowie insgesamt 8 Bergseen findet nicht nur ein jeder Fliegenfischer
sehr abwechslungsreiche Gewässerstrecken vor sondern besitzt auch
die Möglichkeit bei dieser Vielfältigkeit immer einen befischbaren
Gewässerabschnitt auszumachen....
|
 |
Den Samschden 7.Juli 2012 hat den Flyfishing Club
aus Lëtzebuerg sech Rendez- vous gin zu Sommedieue bei Verdun fir
zesummen mat der Méck ze fëschen. Et woren 15 Memberen ungetrueden
fir een schéinen Dag ze erliewen. Nodeems mir eis am Virfeld mat
Organisatiounsprobleemer geploot haten ewell dësen Site ëmmer gudd
besicht ass an éng Reservatioun doduurch net ëmmer einfach ass, hat
eisen Sekretäir , den Erny, awer säin Bescht gemeet fir jidveréngem
Satisfactioun ze gin, wat Him och geloongen wor an esou stuung éngem
flotten Dag näischt méi am Weë......
|
 |
Auch in diesem Jahr hatten wir uns zu deren Vieren
aufgemacht um einen Abstecher nach Ruhpolding in den Ortnerhof zu
unternehmen. Hier hatten wir neben dem hauseigenen Gewässer des
Ortnerhofes, der Urschlauer Ache, auch die weiße Traun auf dem
Programm stehen, dies wurde nur dadurch möglich da die Besitzer des
Ortnerhofes ihren Hausgästen im Umkreis von 35 km viele zusätzliche
Gewässer anbieten können wo Sie zudem auch die benötigten Lizenzen
besorgen. Handelt es sich bei der Urschlauer Ache um einen wilden
Gebirgsbach der nach jeder Flussbiegung sein Erscheinungsbild
verändert, fließt die weiße Traun regelmäßiger dahin....
|
 |
Den Week – end vum 15. bis den 17.Juni 2012 haten
mir eis erëm opgemeet fir ee puer schéin Momenter um Domaine de la
Salamandre zu Latilly ze verbréngen. 14 Memberen vum Flyfishing Club
aus Lëtzebuerg haten den Weë op dësen onvergläichlechen Site fond an
sin räichlech dofir belount gin. Wann mir op Latilly fueren ass dat
schon een bedäitend Stéck Geschicht vun eisem Flyfishing Club ewell
mir als Veräin vun der éischter Stonn aus un dobäi woren ewei dësen
Site opgemeet gin wor an dofir ass et och, trotz all deenen anneren
schéinen Destinatiounen déi mir all Joër op een Neis unsteieren, den
Héichpunkt an onserem Fëscherjoër..... |
 |
Da es sich bei unseren belgischen Kursleitern
durch die Bank um lustige Kerle handelt, findet der Wurf Lehrgang
immer in einem sehr lockeren und freundschaftlichen Rahmen statt was
jedoch nicht besagen will das es am nötigen Ernst fehlen würde. Die
Kursleiter möchten den Teilnehmer vermitteln dass Sie mit ihrem
Wissen schon so manche Hilfestellung geben können dass es aber jedem
Einzelnen überlassen ist was er daraus machen möchte, denn nur
regelmäßiges Training und das am besten so oft wie möglich machen
aus einem guten Fliegenfischer einen ebenso guter
Fliegenwerfer.......
|
 |
Den Flyfishing Club aus Lëtzebuerg huet sech den Week
– end vum 12. an 13. Mée 2012 op den Weë gemeet fir an d´Vogesen
fëschen ze fueren. Den lac de la Moselotte ass 9 ha grouss an läit
idyllesch teschent den Birger an éngem 23 ha groussen Naturpark. Mir
profitéieren bei dëser Sortie ëmmer vun der Geleenheet fir an den
Chalets´ën déi direckt um Séi geleën sin ze iwwernuechten, esou bid
sech eis d´Méiglechkeet Owes esou laang ze fëschen ewei et eis
Spaass mécht, ouni mussen un d´Heemrees ze denken. Dodernieft sin
déi schon legendär Grillowender zu Saulxure all Joër op een Neis een
groussen Moment deen mir op keen Fall mëssen wëllen ....
|
 |
Éng gudd dozen Memberen vum Flyfishing Club aus
Lëtzebuerg haten sech den Samschden 21.Abrëll 2012 zu Lacroix – sur
– Meuse getraff fir zesummen hirer Passioun nozekommen. d´Wieder hat
sech dës Kéier net vun sénger allerbeschten Säit gewisen ewell et
wor den ganzen Dag iwwer richtégt Abrëllswieder.
Moies sin mir nach méi oder wéineger drëchen iwwert d´Ronnen komm
mée dofir huet et Mëttes geschott ewei mat Eemeren.
Och dat konnt awer net verhënneren dass mir ee flotten Dag mat ganz
vill Fësch erliewt hun.
|
 |
Och dëst Joër haten sech d´Memberen vum Flyfishing
Club Lëtzebuerg op den Strecken vun der Entente Uewersauer getraff
fir zesummen, op der Ouverture vun der Forell am Fléissgewässer, mat
der Méck ze fëschen. Et wor ganz gudd Wieder op dësem 1. Abrëll,
Moies woren et zwar nach 3,5 ° ënner Null mée ewei d´Sonn bis eraus
wor sin d´Temperaturen séier an d´Luucht gaangen och wann se net
iwwer 12° plus erauskomm sin. Den Mich, Patrick, Jemp Jang an den
Luss hun sech op der Wolz zu Kautenbaach getraff an den Erny, René,
Jang an den Jeek haten sech Rendez – vous gin zu Mechela fir op der
Uewersauer unzefänken.....
|
 |
Och dëst Joër huet eisen Präsident um Dag no der
Generalversammlung d´Fëscher vum Flyfishing Club Lëtzebuerg op den
Lac de Rabais invitéiert fir ” den Dag vum Präsident “ ze feieren.
Den Jeek mécht sech ëmmer éng speziell Éier draus d´Fëscher op
séngem Dag ze verwinnen. Hien gët net nëmmen den Apperitif an den
Dessert zum Beschten, Hien suergt och ëmmer mat sénger gudder Laune
beschtens dofir dass d´Memberen vun eisem Club sech gudd versuergt
fillen. Esou haten gudd zwanzég Fëscher den Weë op Rabais fond, an
nodeems eis éischt Sortie op den moulin de Boismont ausgefall wor
ewell den Weiher zougefrour wor, wor dëst déi éischt Sortie fir dëst
Joër........ |

Berichte 2011
|
Freides den 9. März 2012 haten mir eis zu Rolléng
op den Fëschweiheren beim Cindy an beim Andy getraff fir an éngem
symphateschen Kader eis uerdentlech Generalversammlung ofzehalen.
Virum offizielen Deel ass fir unzefänken ewei ëmmer eemol ee bëssen
gepootert an den leschten Beschass ausgetosch gin.
Duerno sin mir dann zum offiziellen Deel iwwer gaangen. Et haten
sech leider net ganz vill Memberen dëst Joër anfond wat ee bëssen
Schued wor emsou méi ewell mir dëst Joër fir déi éischten Kéier eis
Generalversammlung zu Rolléng op den Fëschweiheren ofgehalen hun,
dëst an éngem Kader deen éngem Club vun Fëscherkollegen wirdég
ass. ....
|
 |
Haut, Samschdes den 10. Dezember 2011, haten
d´Memberen vum Flyfishing Club Lëtzebuerg sech zu Sommedieue bei
Verdun getraff fir éng leschten Kéier am Joër zesummen ze fëschen.
Et woren éng gudd Dozen Memberen déi op Sommedieue gefour woren fir
bei guddem Wieder d´Joër auskléngen ze loossen. Sommedieue ass bei
villen lëtzebuerger Méckenfëscher beléiwt ewell een hei Alles
virfënd wat eis Passioun esou onvergläichlech mécht, éng intakt
Natur, wonnerschéin Fësch an virun allem vill Rouh ewell dësen Site
nëmmen den Méckenfëscher virbehalen ass an zeguer d´Unzuel vun den
Fëscher limitéiert ass déi am Dag hei dierfen fëschen. ....
|
 |
Vum
4. November 2011 aus un, fannen erëm traditioneller Weis
d´Bannowender vum Flyfishing Club aus Lëtzebuerg statt. Neierdéngs
stin eis heivir och ganz besonnesch Reimlechkeeten zu Verfügung ewou
mir eiser Passioun kënnen nogoën. Mat vill Ansatz an Fléiss sin
d´Cindy an den Andy, allen béid aktiv Memberen an onserem Club,
dobäi d´Fëscherweiheren zu Rolléng (Lamadelaine) an d´Reih ze
setzen an mir sin eis sécher dass, wann dat jonkt Team ronderëm Sie
zwee ob deem angeschloënen Weë weiderfiirt, hir Weiheren éng
Beräicherung gët fir all Sportfëscher......
|
 |
Den éischten Samschden am Mount November, steet
traditioneller Weis beim Flyfishing Club Lëtzebuerg eis Sortie op
Hompré an den belschten Ardennen, och nach la pêche au Jambonneau
genannt, um Programm. Um Virowend vun dëser Sortie fänken ëmmer
d´Bannowender mam Méckenjang am mam Raym un déi dëst Joër um Site
vun den Fëschweiheren zu Lamadelaine stattfannen ewou sech vill
Aarbecht gemeet gin ass vun den Bedreiwer, dem Cindy an dem Andy,
.....
|
 |
Och
dëst Joër hun erëm éng selleschen Memberen vum Flyfishing Club
Lëtzebuerg un der Clubmeeschterschaft deelgehol.
Ausgedroën
gouf d´Meeschterschaft an zwou Manchen ewoubäi déi éischt am
Fléissgewässer op der Uewersauer am Heischentergron stattfond huet
an déi zweet um Séi vun Rabais an der Belscht. Et woren am Ganzen
éng 15 Memberen ungetrueden fir sech uneneen ze moossen,
..... |
 |
Zu deren Fünf, Patrick, Mich, Jang, Jemp und Luss,
hatten wir uns aufgemacht um zwischen dem 2. und 7. Oktober im
Dreiländereck Österreich / Slowenien / Italien im Fischereinetzwerk
des Südens der Alpe-Adria Fischerei bei Milan Wutte den Äschen
nachzustellen. Da bekannter Weise im Oktober die Flüsse in den
Alpenregionen Niedrigwasser führen und dies anscheinend die beste
Zeit im Jahr ist um den Äschen nachzustellen hatten wir uns bei
Milan Wutte
|
 |
Den Flyfishing Club Lëtzebuerg hat den 27 August
2011 éng Sortie op den Lac de Freux an der Belscht. Dësen Site an
der Géigend vun Libramont ass ongeféier 90 km vun Lëtzebuerg eweg
geleën. Zu Sterpenich fiirt een iwwer d´Grenz an dann weider op der
A 4 Richtung Bréissel ewou een bei der Sortie 26 / Libramont
d´Autobunn verléisst. Duerno fiirt een nëmmen nach op der
Landstrooss Richtung Libramont an unschléissend Sainte Odé.
.......mehr |
|
 |
d´Sortie op den Domaine de la Salamandre ass am
Kalener vum Flyfishing Club Lëtzebuerg all Joër déck ënnerstrach an
et kann een dësen Openthalt rouëg als Héichpunkt vum Fëscherjoër
tituléieren. All Joër am Juni fueren d´Memberen vun eisem Club
zesummen op dësen schéinen Séi deen an ongeféier 3 1/2 Stonn vun
Lëtzebuerg aus ze ereechen ass........mehr |
|
 |
Da ich, Dilk Luss, jedes Jahr mit meinem
Fliegenfischerfreund und Schwager, Rissé Guy, einen Kurztrip zum
Fliegenfischen einplane, verbrachten wir heuer vier wunderschöne
Tage in Ruhpolding in Oberbayern. Ruhpolding ist mit seinen 6500
Einwohnern ein großes, romantisch verträumtes Dorf, das Natur pur zu
jeder Jahreszeit bietet. Untergebracht waren wir im Ortnerhof, einem
Wellness Hotel direkt am Fuße der Berge gelegen......mehr |
|
 |
Heute, Samstag den 21.Mai 2011, fand bei
strahlendem Sonnenschein und Temperaturen um die 25° Grad, an der
Obersauer in Michelau der alljährliche Wurf Kurs des Fliegenfischer
Clubs aus Luxemburg statt. Wie jedes Jahr hatten sich die drei
Instrukteure vom P & S Flyfishing Team www.pnsflyfishing,be Patrick,
Ludo und Ben, aus dem belgischen Koersel/Beringen bereit erklärt uns
in Sachen Wurftechnik auf den neuesten Stand zu bringen.......mehr |
|
 |
Den 14. an 15, Mée 2011wor et erëm esouwäit,
Saulxure an den Vogesen wor ungesot. Den Lac de la Moselotte ass
niewend dem Lac de la Salamandre zu Latilly sécher déi flottsten
Destinatioun déi mir all Joër unsteieren. Et woren éng 20 Memberen
vum Fly Fishing Club Lëtzebuerg déi un dëser Sortie deelgehol haten.
Ënnerbruecht woren mir an Chalets´en déi direkt um Séi geleën sin.
Dës Chalets´en sin zwar relativ spartanesch angeriicht, mée erfëllen
awer voll hiren Zweck an fir éng Nuecht konnten mir gären ob den
gewinnten Luxus verzichten.......mehr |
|
 |
Fënnef Memberen vum Flyfishing Club Lëtzebuerg,
den Hoffmann Jemp, den Ehr Jang, den Riehl Patrick, den Gilson Mich
an den Dilk Luss, woren vum 12.Abrëll bis den 15.Abrëll 2011, 8
Stonnen Richtung Auvergne gefour fir um Lac de Malaguet mat der Méck
ze fëschen. Dësen Séi läit an der Haute - Loire op 1050 meter Héicht,
ongeféier 50 km hannert St. Etienne. Den Lac de Malaguet ass am 14.
ten Jorhonnert ungeluecht gin an bis Mëtt vum leschten Jorhonnert
als Pisciculture exploitéiert gin........mehr |
|
 |
Den Flyfishing Club Lëtzebuerg hat séng drëtt
Sortie am Joër 2011 op la Croix sur Meuse gemeet. Dësen Site ass nei
am Programm vum Flyfishing Club an ass an Plaz vun Brouennes an den
Programm gehol gin ewou et net méi méiglech wor éng Sortie ze
organiséieren. La Croix sur Meuse ass een ganz neien Site deen
ongeféier 10 km hannert deem bescht bekannten Site vun Sommedieue
läit. Ewell den Weiher an énger Pisciculture läit, ass dësen och
ëmmer beschtens mat Fësch besat.........mehr |
|
 |
Den Freiden 11. März 2011 um 20.00 Auer wor zu
Leideléng am Centre sociétaire " an der Eech " déi 14. geweinlech
Generalversammlung vum Flyfishing Club vun Lëtzebuerg. Den Virstand
huet, ënnert der souveräner Leedung vum Präsident dem J.J. May, déi
eenzel Punkten vum ordre du jour duurchgehol. Esou huet enner
annerem den Sekretäir Erny Arend dat vergaangend Joër rekapituléiert
an bei déier Geleenheet och d´Aktivitéiten fir dat kommend Joër
virgestallt. |
|
 |
d´Memberen vum Flyfishing Club Lëtzebuerg haten
sech den Samschden 12.März 2011 zu Rabais anfond fir zesummen mat
der Méck ze fëschen. Vum Wieder hir haten mir et gudd erwëscht an et
luung schon een Hauch vun Fréijoër an der Luucht. Den Séi zu Rabais
ass ganz bekannt bei den lëtzebuerger Méckenfëscher ewell Hien,
énger Säits net wäit eweg vun Lëtzebuerg läit an annerer Säits ganz
geschätzt gët wéinst séngem kloren Waasser.......mehr
|
|

|
Penktlech fir den Optackt vun der Fëschersaison
vum Flyfishing Club Lëtzebuerg, sin d´Horgänsen erëmkomm fir eis
d´Fréijor unzekennegen. Nodeems mir eis Ausgangs Januar ewei all
Joër zu Charleroi op der Austellung fir Méckenfëscher mat Material
angedeckt haten, an och nodeems mir den Wanter iwwer fléisseg,
ënnert der fachmänneger Unleedung vun Quintus Jang an dem Paulus
Raymond eis Méckendousen an den Bannowender opgefëllt haten, ass et
dun also den 12. Februar 2011 endlech erëm bei d´Waasser gaangen......mehr |
| |
|
Oldies
Bericht Rabais 2005
Bericht zur Generalversammlung
2004-2005
Gemeinsames Fischen in
Sommedieue am 26 Februar 2005 |